• Wéi kënnt dir eis erreeschen?
  •  
  • Per Email: hsvwolz@yahoo.de
  • oder iwwert d'GSM-Nummer:
  • 621 248 268 (Gaby Thiry)

 

Welpenschoul:    

 

An der Welpenschoul geet ett haaptsächlech drem, dass Welpen kennen matt gläichalteregen Muppenkollegen spillen. Iwwert dem Spillen gett awer och schons bessi geléiert, woumat d'Bindung zum Herrchen/Frauchen gestärkt soll ginn. Welpenschoul ass eng spillerech Virbereedung op den Gehorsamscours.

 

 

Gehorsamscours:

 

An dese Coursen vermëttele mir e Basiswëssen ronderem d'Thema Hond an trainéieren d'Grondsignaler wéi "Sitz", "Plaz", "Bleiwen" an roueg an der Lénkt goen. Gemeinsam übe mir, wéi dir am beschten matt ärem Mupp an verschiddenen Situatioun am Alldaag eenz gidd.

An eisen Gehorsamscoursen sinn keng Zwingerhalsbänner erlaabt !

 

 

Rally Obedience:

Am Rally Obedience geet et drëms, gemeinsam als Mensch-Hond-Team e Parcours aus verschiddenen Gehorsamsübungen ze bewältegen. Spass an eng gutt Kommunikatioun mam Mupp stinn heibäi am Virdergrond. Spilleresch kennen déi Übungen, déi een am Gehorsam kennegeléiert huet, trainéiert an weider ausgebaut ginn.

 

 

Agility

 

Waat ass Agility:

 

Als alleréischt soll Agility Spass sinn fiir den Mupp an sain Meeschter. ;-)

 

Deen Meeschter féiert säin Mupp iwert een Parcours vun bis zu 20 verschidden Hindernisser, desen muss an der numereierter Reihenfolleg an schnellstméiglech ouni Fehler gelaaf ginn.

 

Bäi Turnéieren ginn et am Agility 2 verschidden Leef, een A-Parcours an een Jumping Parcours. Den Ennerscheed ass dass een am A-Parcours Geräter dran huet déi Kontaktzonen hunn ( eng Wipp, eng A-Wand, een Steg ). Op denen Kontaktzonen ginn ett virgeschriewen Zonen déi den Mupp muss matt sengen Patten beréiren.

 

Agility an Jumping sinn an 4 Klassen angedeelt ( S - M - L - A&M ) déi Gréisst vum Mupp definiéieren an wéi héisch Hürden um Parcours stinn, A&M ass Alters und Molloser-Klasse, do starten Muppen am Alter ab 6 Joer. Dann ginn ett och 3 Leeschtungsklassen ( 1 - 2 - 3 ). Als Unfänger fänkt een am 1 un an steigt een an déi näichst Katégorie no 3 Null-Fehler Leef z.b. an dann kann een nach selwer decidéieren op een schon wöll an däre näichster Katégorie starten oder nach wöll waarden.